Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Pragmateschen Ëmweltschutz net mat nohalteger Entwécklung vereenbar

Mouvement écologique

Pragmateschen Ëmweltschutz net mat nohalteger Entwécklung vereenbar

De Mouvement écologique vermësst am Koalitiounsaccord méi grondsätzlech Reformusätz am Beräich vun der Nohaltegkeet. An engem Presseschreiwes begréisst d‘Ëmweltorgansiatioun, datt déi nei Regierung un de bestoenden Ziler wéilt festhalen. 

auto_stories

1 min

Allerdéngs stéiert de Mouvement sech um schwaarz-bloe Grondgedanke vum „pragmateschen“ Ëmweltschutz, deen engem kontinuéierleche Wirtschaftswuesstem net am Wee sollt stoen. Dat wier net mat enger nohalteger Entwécklung vereenbar. 

Et géif dann och ze vill op Voluntarismus gesat ginn. Vill Aussoen a Moossname wieren iwwerdeems ganz vag formuléiert, sou datt net kloer erkennbar wier, op d‘CSV-DP-Regierung d‘Drénglechkeet vun der Klima a Biodiversitéitskris wierklech erkannt hätt. Dofir bräicht et séier a strukturell Reformen. Dem Koalitiounsofkommes géif an deem Beräich déi noutwenneg Konsequenz feelen.