Allerdéngs stéiert de Mouvement sech um schwaarz-bloe Grondgedanke vum „pragmateschen“ Ëmweltschutz, deen engem kontinuéierleche Wirtschaftswuesstem net am Wee sollt stoen. Dat wier net mat enger nohalteger Entwécklung vereenbar.
Et géif dann och ze vill op Voluntarismus gesat ginn. Vill Aussoen a Moossname wieren iwwerdeems ganz vag formuléiert, sou datt net kloer erkennbar wier, op d‘CSV-DP-Regierung d‘Drénglechkeet vun der Klima a Biodiversitéitskris wierklech erkannt hätt. Dofir bräicht et séier a strukturell Reformen. Dem Koalitiounsofkommes géif an deem Beräich déi noutwenneg Konsequenz feelen.