Am Virfeld hat seng Cousine de Senat drëms gebieden, den 71-Joer alen Impfskeptiker eben net ze validéieren. Him géif all relevant Erfarung feelen a wier süchteg no Opmierksamkeet a Muecht, heescht et an engem Bréif un d‘Senateuren, deen ënnert anerem vun der New York Times verëffentlecht gouf.
De Robert F. Kennedy Junior war an der Course ëm d‘Wäisst Haus als parteilose Kandidat ugetrueden an hat seng aussiichtslos Kandidatur awer zeréckgezunn a sech de Republikaner ugeschloss.