Radioen

On air

De Weekend  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Potentielle schweedeschen NATO-Bäitrëtt: Schweedesche Premier op Visitt an Ungarn

Ungarn blockéiert nach ëmmer

Potentielle schweedeschen NATO-Bäitrëtt: Schweedesche Premier op Visitt an Ungarn

De schweedesche Premierminister Ulf Kristersson ass haut op Visitt bei sengem ungareschen Homolog zu Budapest. Ënnert anerem soll et dobäi ëm d‘Liwwerung vu schweedesche Kampffligeren un Ungarn goen.

auto_stories

1 min

De Viktor Orbán ass de leschte Staatschef, deen nach keng gréng Luucht ginn huet fir de schweedeschen NATO-Bäitrëtt. Seng Partei hat d‘Kandidatur blockéiert, aus Roserei iwwert d'Kritik aus Schweden un de rechtsstaatleche Verhältnisser an Ungarn.

E Méindeg soll dat ungarescht Parlament den NATO-Bäitrëtt endlech ratifizéieren, nodeems d‘Tierkei schonn am Januar gréng Luucht ginn hat. Stockholm hat am Mee 2022, als Konsequenz vun der russescher Invasioun an der Ukrain kandidéiert, fir der Militärallianz bäizetrieden, zäitgläich mat Finnland. Finnland ass zanter Abrëll zejoert dat 31. Memberland vun der NATO.