search

/ Politmonitor: Déi gréisste Suerg vun de Lëtzebuerger bleift onverännert

Ëmfro

|
headphones

1 min

Politmonitor: Déi gréisste Suerg vun de Lëtzebuerger bleift onverännert

Den Accès zu bezuelbare Wunnenge wier déi gréisste Suerg vun de Leit hei am Land. Dat geet aus dem zweeten Deel vum Politmonitor vun ILRES am Optrag vun RTL an dem Lëtzebuerger Wort ervir.

headphones

1 min

© Adobe Stock
(Foto: Adobe Stock)

70 Prozent vun de Befrote géife sech Suergen ëm de Logement maachen. An hei och virun allem Jonker tëschent 18 a 24 Joer.

Op zweeter Plaz läit d‘Suerg iwwer déi aktuell Weltlag an op drëtter déi iwwer den Zouwuess vum Trafick.

Am mannste Gedanke géifen déi Befrote sech iwweregens ëm déi wirtschaftlech Situatioun vum Land maachen.