Radioen

On air

De Weekend  |  Electric Light Orchestra - Mr. Blue Sky

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Politmonitor: All zweete Wieler ass zefridde mat der Regierung

LSAP-Wieler sinn am kriteschsten

Politmonitor: All zweete Wieler ass zefridde mat der Regierung

All Zweete fënnt, datt déi aktuell Regierung eng gutt Aarbecht mécht. Dat geet aus weidere Resultater vum Politmonitor vu Wort an RTL ervir. Konkret sinn et 56 Prozent, déi zefridde mat der neier Regierung sinn.

auto_stories

1 min

Foto: SIP

D‘Ëmfro huet erginn, datt virun allem d‘CSV-Stammwieler zefridde sinn, nämlech zu 92 Prozent. Bei den DP-Wieler sinn et 79 Prozent. Am kriteschste sinn d‘LSAP-Wieler, déi zu 57 Prozent der Regierung eng schlecht Zensur ausstellen.

Eng Majoritéit - nämlech 51 Prozent vun de Befroten - si géint d'Heescheverbuet. 44 Prozent sinn derfir. Zwee Drëttel vun den CSV-Wieler, an och zwee Drëttel vun den DP-Wieler fannen dat Verbuet an der Rei.