Radioen

On air

Notturno  |  Michael Hurley - Are You Here For The Festival

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lydie Polfer: De Policeasaz géint déi aggressiv Mendicitéit war e Succès

Problemer mam Drogenhandel bleiwe bestoen

Lydie Polfer: De Policeasaz géint déi aggressiv Mendicitéit war e Succès

D’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer ass ganz zefridde mam Bilan vum Policeasaz an hirer Gemeng. Déi aggressiv Mendicitéit hätt dank der méi grousser Policepresenz sichtlech ofgeholl. Kritik un der Police gouf et trotzdeem.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

play_arrow
Déi Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer. (Foto: Archiv)

 

De Policeasaz géint déi aggressiv Mendicitéit wier ee Succès gewiescht. Dee Bilan huet déi Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer um Dënschdegmoien um City Breakfast virun der Press gezunn. Et géing ee manner aggressiv Heescherte gesi wéi virdrun, esou d'DP-Politikerin.

Mee wouru louch et dann, datt nëmmen esou wéineg Protokoller, 4 laut der Police, am Kontext vun der Mendicitéit an all hire Formen ausgestallt goufen? 

"Et geet jo hei net drëm fir onbedéngt Constaten ze maachen. Et ass eis drëm gaangen, fir méi Policepresenz ze weisen, fir eben de präventive Charakter vun der Police ze ënnersträichen."

Drogekonsum net genuch poursuivéiert

Um City Breakfast war et an deem Kontext awer och eng Kritik géintiwwer der Police, datt den Drogekonsum net méi géif poursuivéiert ginn. Besonnesch virun enger Schoul, wéi op der Gare, kéint een dat net einfach toleréieren, sou d’Lydie Polfer. 

D'Drogendealer wieren och an der Uewerstad an op de verschiddenen Haltestelle vum Tram, wéi beispillsweis op der Stäreplaz. Do misst d‘Police nach méi konsequent kontrolléieren, esou d‘Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer.

"Datt dat net einfach ass ze fahnden, dat verstinn ech och ganz gutt. Dat seet souwuel d‘Police eis, wéi och d‘Justiz. Mee mir maachen och ganz vill Saachen, déi net einfach sinn, mee et ass net well et net einfach ass, datt een et net muss upaken."

Ëmfro zur Attraktivitéit vum Garer Quartier

13,10 Prozent vun de Geschäfter op der Gare stinn eidel. Dat ass ee Prozentpunkt méi wéi den nationalen Duerchschnëtt. De Quartier soll elo nees méi attraktiv ginn. Dofir lancéiert d’Gemeng zesumme mat der Entreprise UPCity vum 23. Abrëll u bis de 7. Mee eng Ëmfro bei de Konsumenten, Geschäftsleit an Awunner op shopping.vdl.lu. Vun en Donneschdeg bis e Samschdeg ginn och op der Gare selwer d’Leit befrot.

D’Resultat vun där Enquête soll dann an en neit Konzept fir de Quartier afléissen, sou den zoustännegen CSV-Schäffe Maurice Bauer.

"Mir hoffen, datt mir fir de Summer oder den Ufank vum Hierscht do Conclusioune kënnen zéien, déi mir da kënnen esou séier wéi méiglech, beschtméiglechst fir d‘Enn vum Joer, scho vläicht ëmsetzen. Dat gëtt eng ganz Rei Moossnamen, déi mir do wëllen huelen."

Bannent den nächsten zwou Woche ginn iwwerdeems 183 nei Parkplaze fir Motorrieder an der Uewerstad an op der Gare agezeechent. Dat war eng weider Ukënnegung um City Breakfast. Am Ganze ginn et der dann 399 Stéck am Zentrum. Déi Parkplaze bleiwen och weiderhi gratis.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik
Politik a Gesellschaft