search

/ Politesch Onéierlechkeet: CGFP spuert net mat Kritik un der Regierung

Conférence des comités

|
headphones

2 min

headphones

3 min

play_arrow

Politesch Onéierlechkeet: CGFP spuert net mat Kritik un der Regierung

Op der Conférence des comités vun der Staatsbeamtegewerkschaft CGFP gouf net mat Kritik un der Regierung gespuert: Pensiounsreform, Manktem u Sozialdialog an d'Privatiséierung vun den ëffentlechen Déngschtleeschtungen. 

headphones

2 min

headphones

3 min

play_arrow
© CGFP
(Foto: CGFP)

Et wéilt ee sech mat alle Mëttele géint weider Privatiséierunge vun ëffentleche Servicer wieren, huet et op der Conférence des comités vun der CGFP geheescht.

Romain Wolff: Sozialdialog wichteg fir d'Demokratie

Déi lescht Dossiere betreffen déi nei Etablissement-publice fir d’Medikamentenagence a fir d’Centrale d’achat et de logististique, déi ee privatrechtleche Statut kruten. Aus deem Grond huet d’CGFP ee Recours dergéint agereecht.

Weider Kriticke ginn et awer virun allem a punkto Sozialdialog, betount de President vun der CGFP, de Romain Wolff.

"Fir datt eng Demokratie gutt ka funktionéieren, fir datt e gutt Zesummeliewe méiglech ass, muss de Sozialdialog anstänneg richteg funktionéieren. A grad op deem Punkt bleift nach vill ze verbesseren, wat mir jo am Dossier Pensioune liefhaft virun Ae geféiert kruten."

Pensiounsreform vun haut op muer op eemol een Theema

Eng Pensiounsreform, déi eréischt bei der Regierungsbildung een Theema gouf, kritiséiert de Generalsekretär vun der CGFP, de Steve Heiliger.

"E Sujet, deen eis quasi zënter der Regierungsbildung beschäftegt huet, ass dee vun der Pensiounsreform. An ech soe bewosst: Zënter der Regierungsbildung. Well virdru war eng ugeduechte Pensiounsreform kaum e Sujet, weder am Walkampf, nach an de Walprogrammer an och am Koalitiounsaccord gëtt se nëmme ganz kuerz ugeschnidden."

Grad dat gouf dann op eemol d'Haapttheema. Eng politesch Onéierlechkeet.

D’Gewerkschaften hate wärend de Sozialronnen eng ganz Rei u Propose gemaach fir de Pensiounssystem ze erhalen, ënner anerem d'Erhéijung vum Cotisatiounsplafong. Dat wier awer net vun der Regierung zeréckbehale ginn, par contre géif déi probéieren, déi privat Altersversécherungen ze promovéieren.

Staarkmaache fir d'Steierklass 2

Stéchwuert Steierreform: Et soll jo nach eng eenzeg Steierklass geschafe ginn. Wärend enger Iwwergangsperiod vun 20 Joer solle bestuete Koppelen nach vun der gënschteger Klass 2 profitéieren. Dat geet net duer, betount de Steve Heiliger.

"An duerfir fuerdere mir och haut den Owend ganz kloer, datt déi Fakultéit an der Steierklass 2 ze bleiwen, fir déi Concernéiert, dauerhaft bestoe bleift."

D’CGFP huet sech op hirer Konferenz kloer fir eng Hëllef un d’Ukrain ausgeschwat, mee warnt awer, datt een déi héich Militärausgaben net mat enger Kierzung vun de Sozialleeschtungen dierf finanzéieren.

 

 

play_arrow Lauschteren