Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Neie Police-Generaldirekter: Keng Revolutioun uféieren

Vereedegung vum Pascal Peters

Neie Police-Generaldirekter: Keng Revolutioun uféieren

Den neie Police-Generaldirekter Pascal Peters gouf de Moien an enger feierlecher Zeremonie vereedegt. Hien iwwerhëlt den 1. Juni d’Successioun vum Philippe Schrantz, deen no 9 Joer un der Spëtzt vun der Police an d’Pensioun geet.

auto_stories

2 min

De Pascal Peters ass neie Police-Generaldirekter. | © Police Grand-Ducale
Foto: Police Grand-Ducale

Een Defi bleift a sengen Aen déi digital Kriminalitéit. De Pascal Peters huet de Moien a senger Ried betount, hie géif keng Revolutioun féieren. Fir hie ginn et awer dräi Prioritéiten.

De Recrutement mat 200 neie Rekrutten, déi all Joer an d’Basisformatioun solle goen. Gesicht gëtt och Zivilpersonal an de Beräicher Informatik an Analysten.

V. l. n. r.: Philippe Schrantz, Léon Gloden, Pascal Peters. | © Police Grand-Ducale
V. l. n. r.: Philippe Schrantz, Léon Gloden, Pascal Peters. (Foto: Police Grand-Ducale)

Nieft dem Pilotprojet vun enger lokaler Police an enger verstäerkter Presenz um Terrain geet et och drëm genuch Läit ze hunn am Beräich vum Kampf géint déi finanziell an ekonomesch Kriminalitéit.

Eng drëtt Prioritéit ass den Equipement, souwuel bei der Digitalisatioun, ewéi och bei den Uniformen.