Si géif sech vun dëser Regierung distanzéieren, well se onmënschlech a skrupellos mat deene Schwächste géif ëmgoen, schreift d‘Marianne Donven. Si kritiséiert ënner anerem de limitéierten Accès bei der Wanteraktioun. Nom Heescheverbuet géifen elo matzen am Wanter Bëbeeën op d’Strooss gesat ginn, schreift si.
D‘Ministere Léon Gloden a Max Hahn géifen heemlech eng grausam Politik maachen, déi net mat hire Wäerter ze vereenbare wier, esou d‘Marianne Donven.
Si ass eng vun de bekanntste Persounen zu Lëtzebuerg, déi am Beräich vun der Hëllef fir Flüchtlingen aktiv sinn. Si leet zënter 2017 d'Geschäfter vun de Chiche Restauranten, wou ausschliisslech Flüchtlinge schaffen. Si ass och Matgrënnerin vun der Initiative "Oppent Haus“, déi Famillen zu Lëtzebuerg hëlleft, Flüchtlinge bei sech doheem opzehuelen.