De fréieren EU Conseilspresident soll de Moie fir d‘éischt d‘Regierungsdeklaratioun vu senger liberal-konservativer Koalitioun aus dräi Parteie maachen. De Mëtteg soll dann am Parlament zu Warschau de Vertrauensvott iwwert déi nei Regierung sinn.
Mam Donald Tusk geet a Polen d‘Muecht vun der national-konservativer PiS no aacht Joer op en Enn.
Den Donald Tusk war scho polnesche Premier vun 2007 bis 2014. Hie vertrëtt eng pro-europäesch Politik, hien huet versprach, d‘Ofhängegkeet vun der Justiz a Polen ze retabléieren an doduerch EU Fonge vu 36 Milliarden Euro ze deblockéieren. Hie wëll och Ofdreiwungs-Verbuet a Polen nees réckgängeg maachen.