Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  This Is The Kit - Coming To Get You Nowhere

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Plomm, deen neie Kannermusée

Kultur fir Kanner

Plomm, deen neie Kannermusée

Vun engem Bam dee Geschichten erzielt, bis zu enger interaktiver Ausstellung iwwer Léift. Zu Wolz geet e Sonndeg deen éischten an eenzege Lëtzebuerger Kannermusée op.

auto_stories

4 min

headphones

25 min

play_arrow
Foto: Kannermusée Wolz

D’Iddi fir de Kannermusée ass 2010 opkomm, erzielt d‘Muséesdirektesch Manon Eicher. Inspiréiert gouf sech un engem Konzept vun engem éisträichesche Kannermusée.

D'Haaptattraktioun ass e 7 Meter héije Bam - kee richtegen, mee een aus Holz a Metall - deen de Kanner esou munches ze bidden huet. "E richtegt Konschtwierk".

De "Bam vun de Geschichten" bereet de Kanner eng Bün fir hir Geschichten an e verstoppt och seng eege Geschichten, sou d'Direktesch vum Musée.

"Et sinn och kleng Wiesen déi heira wunne, déi natierlech och all eppes ze zielen hunn. An dat Ganzt gëtt vun de Bambewunner, vun eiser Ekipp déi de Bam bewunnt, zum Liewe bruecht."

Kannermusée | © Kannermusée Wolz
Kannermusée (Foto: Kannermusée Wolz)

Mam Zuch an d'Häerz vun der Äerd

Nieft dem grousse Bam huet de Musée awer och nach eng Expo iwwer d’Léift ze bidden a Form vun enger Rees mam Zuch bis an d’Häerz vun der Äerd.

Et wier wichteg gewiescht, fir en Theema auszewielen, zu deem Kanner schonn een Zougang hunn, seet d‘Manon Eicher.

"An dat ass eben d'Léift, eppes gär hunn, eppes net gär hunn. Dat si mat déi éischt Saachen, déi Kanner mat Wierder och mat der Mimik scho kënnen ausdrécken."

Et bleift dobäi de Kanner iwwerlooss, wéi si Léift definéieren, sou d'Direktesch Manon Eicher. 

"Mir tauchen an d'Gefillswelt an: D'Theema, wou spieren ech d'Léift a wéi spieren ech Léift?"

Kannermusée | © Foto: Kannermusée Wolz
Kannermusée (Foto: Foto: Kannermusée Wolz)

A wann d'Kanner da bis mam Zuch an d'Häerz vun der Welt gereest sinn, dann hu se viru sech nach eng grouss Spillwiss, wou se sech kënnen defouléieren.

"Si kënne verschidden Zorte vun Ëmaarmungen testen, si kënnen eng Zär erfuersche goen, wou se sech ëm Saache këmmeren. Se kënnen eng kleng Museksproduktioun maachen op Basis vun hiren Häerztéin. An och hei komme mer zum Schluss erëm zesummen, fir dat Ganzt ofzeschléissen, fir ze verstoen, wat d'Kanner dann elo hei erlieft hunn. Hu se eppes Neies entdeckt? An do si mir da ganz gespaant drop."

Lauschterenplay_arrow