Radioen

On air

Notturno  |  Fred Barreto Group - For So Long

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Umeldung fir d'Kannerradionuecht 2024

An eegener Saach

Umeldung fir d'Kannerradionuecht 2024

Déi zweet Editioun vun der Kannerradionuecht um radio 100,7 steet geschwënn un. Dës Kéier geet et op Spueresich am Pyjama.

auto_stories

2 min

Psschhht, hues du dat och héieren? Ass do een? Oder eppes? D’Kannerradionuecht geet dëst Joer op Spueresich am Pyjama.

D’Kannerradionuecht ass eng Invitatioun un all d’Kanner, fir mam Radio e spannenden, informativen an ënnerhalsamen Owend ze verbréngen. Nom Succès vun der éischter Editioun dréint sech dëst Joer alles ëm Kriminologie an d’Opdecke vu Verbriechen. Mir léise komplizéiert Fäll, lauschtere spannend Krimien, schwätze mat richtege Kriminologen, maache Spiller, preparéiere passend Iessen a Gedrénks a lauschtere just déi Musek, déi eis gefält.

D’Kannerradionuecht ass dëst Joer de Freiden, 29. November 2024 vu 19:00 Auer bis Mëtternuecht um radio 100,7. Tëscht 19:00 an 20:00 Auer ass de Programm speziell fir Kanner vum Précoce an der Spillschoul ugepasst. Déi grouss Geschicht fir Kanner am Grondschoulalter fänkt dann no 20:00 Auer un.
D’Kannerradionuecht ass eng Experienz, déi vu Kanner mat gestalt gëtt an un där jidderee sech ka bedeelegen. D’Initiativ riicht sech un all Kand, Famillen oder Frëndeskreesser awer och u ganz Schoulklassen, Maison Relaisen a Veräiner, déi eventuell souguer Loscht hunn, fir do zesummen z’iwwernuechten.

Wann s du dech am Virfeld umells, schécke mir dir an all Kand an dengem Grupp e Matmaachheft mat Spiller, Rezepter, dem 100,7-Detektivpass, Hannergrondinformatiounen an dem offizielle Kannerradionuecht-Song fir matzesangen. Kanner, déi ugemellt sinn, kënnen och matbestëmmen, wéi eng Lidder an der Kanerradionuecht gespillt ginn.