Beim Inneminister Léon Gloden géif de Stater DP-CSV-Schäfferot beim Theema op een oppent Ouer stoussen. Nodeems si e Bréif un de Luc Frieden geschéckt hat, wier elo och eng Reunioun vum Premier aberuff ginn, mat ënner anerem der Justizministesch an dem Familljeminister, esou nach d‘Lydie Polfer. Wéini déi Reunioun soll sinn, gouf nach net matgedeelt.