Radioen

On air

Notturno  |  Elliott Smith - Pitseleh

play_arrow Live
search

/ Piratepartei wëllt no Statutenännerungen nees a roueg Gewässer kommen

Am Virfeld vum Landeskongress

Piratepartei wëllt no Statutenännerungen nees a roueg Gewässer kommen

D'Piratepartei stëmmt sech op hire Landeskongress den nächste Samschdeg an. D'Partei wëllt sech no interne Streidereien an Austrëtter nämlech nei opstellen.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

© Serge Kesseler play_arrow
Foto: Serge Kesseler

Bis virgëschter um Samschdeg konnten d'Memberen iwwer d'Statutenännerungen online ofstëmmen. 75 Prozent vun de Memberen, déi um Vott deelgeholl hunn, hunn derfir gestëmmt. Déi definitiv Decisioun fält dann um Kongress. 

Méi Gewëssheet nom 14. Dezember

Nom turbulente Joer fir d'Piratepartei wëllt ee mat där Statutenännerung d'Participatioun vun der Parteibasis stäerken. Nieft de Mandatairë ginn et elo 7 nei Posten an der Parteileedung fir Memberen. Bis gëschter um Sonndeg hu 7 Parteimemberen hir Kandidatur erageschéckt, erkläert den Deputéierten a Parteicoordinateur vu bis elo, de Marc Goergen.

"Do ass et e bësse wéi dat eeben normal ass an de Parteien, dass dann och d'Bezierker am Viraus eng Kéier matenee schwätzen, soudass d'Bezierker och korrekt vertruede sinn an deene Kandidaturen, wat mir och zimmlech gutt hikritt hunn. An do hunn déi Leit eng Kandidatur gestallt."

Ënner deene 7 Kandidaten ass keng Fra derbäi, Et sinn dëst de Steve Fuchs, de Joël Krack, de Claude Legrand, de Camille Liesch, de Gilles Mertz, de Raymond Remakel an de Kilian Saffran.

Dernieft ginn et dräi Poste fir d'Koordinatioun. An och do ginn et dräi Kandidaturen: De Starsky Flor, de Claude Legrand an de Ben Lomel hu sech fir déi Posten an der Koordinatioun gemellt. Fir d'Tresorerie kandidéieren d'Paula Couto an de Raymond Remakel.

Fir déi 12 Posten, déi 7 an der Parteileedung, déi dräi an der Koordinatioun an déi zwee fir d'Tresorerie kënnen d'Piraten online doriwwer ofstëmmen, mee et gëtt nach ëmmer d'Méiglechkeet, sech um Kongress nächste Samschdeg ze mellen.

Et war ni Marc géint Sven

Et ass d'Zil, no den turbulenten Zäiten, nees Rou an der Partei ze schafen, betount de Marc Goergen. "Nom 14. Dezember wäert d'Partei jo a méi roueg Gewässer kommen", esou de Marc Goergen. Hien huet sech gläichzäiteg dann och zu de rezente Streidereie geäussert a betount, datt et ni ee Sträit "Marc géint Sven" gewiescht wier.

"Iwwregens, dee Sträit, wou do vun der Press esou ëmmer duergestallt ginn ass, war net Marc géint Sven, mee ech hat eeben einfach als Koordinator déi Aufgab, fir déi Affär Malt opzeklären. An dann ass dat ëmmer esou gedréint ginn, wéi wann dat e perséinleche Grond vu mir wier géint de Sven. Mee dat war u sech ni d'Zil."

Et wier ëmmer drëms gaangen, Transparenz an den Dossier Malt ze bréngen, esou de Marc Goergen.

D'Parteileedung vun der Piratepartei huet an de leschte Wochen a Méint Membere verluer. Dëst an der Suite vun der sougenannter Malt-Affär, iwwer déi den Ament, op Uerder vum Europäesche Parquet vun der Justiz, enquêtéiert gëtt.

Lauschterenplay_arrow