D‘Duerstellung vun der Generalinspektioun vun de Finanzen, déi dëse Radio public gemaach huet, wier eng ganz aner, wéi déi Beschreiwungen déi d‘Chamber viru Méint virgestallt kritt hätt. Den Zweck vu Koalitiounsgespréicher wier et net, fir elo schonn den Deputéierte wichteg Informatiounen a Conclusioune vir ze enthalen, ass et d‘Kritik am Presseschreiwes vun de Piraten.
D‘Chamber sollt esou séier wéi méiglech Accès zu all deenen Dokumenter kréien, déi an de Koalitiounsverhandlungen den Delegatioune vun CSV an DP virgeluecht goufen. Dat hat gëschter Owend och schonn d‘LSAP an engem oppene Bréif un de Michel Wolter gefuerdert.