Radioen

On air

Notturno  |  Cornelius - Sparks

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Piratepartei: D'Gouvernance soll nei diskutéiert ginn

Nom Austrëtt vum Ben Polidori

Piratepartei: D'Gouvernance soll nei diskutéiert ginn

D’Statutenännerung an eng Diskussioun iwwert d’Gouvernance vun der Piratepartei sollen no der Demissioun vum Ben Polidori elo no virgezu ginn. Dat sot den Deputéierte Sven Clement am 100,7-Interview, nodeems gëschter Owend d’Parteileedung beienee souz.

auto_stories

1 min

Déi Reform wier awer souwisou schonn zënter engem Joer an der Planung gewiescht. Wat dann déi personell Konsequenzen ugeet – een Deputéierte manner an der Chamber heescht och en Drëttel manner Budget fir déi politesch Sensibilitéit – wieren nach keng Decisioune gefall. Do wëllt d’Partei sech nach déi néideg Zäit ginn, fir hir Berechnungen ze maachen.

Aktuell schaffe 7 Persoune fir d’Piratepartei an der Chamber.