No deem éischter turbulente Joer fir d’Piratepartei, an dem Verloscht vun enger ganzer Rei un Mandataire, wëllt een och mat där Statutenännerung d’Participatioun stäerken. Do ass virgesinn, datt Memberen déi kee politescht Mandat hunn sech fir d’Parteileedung kënne mellen. 7 där Poste sinn elo virgesinn, a bis gëschter hu 7 Parteimemberen hir Kandidatur erageschéckt. Et ass keng eng Fra ënnert deene 7.
An der Statutenännerung ass och virgesinn datt an Zukunft dräi Persounen d’Koordinatioun vun der Partei assuréieren, amplaz vun enger. An och do ginn et dräi Kandidaturen: De Starsky Flor, de Claude Legrand an de Ben Lomel hu sech fir déi Poste gemellt.
Fir d’Tresorerie kandidéieren d’Paula Couto an de Raymond Remakel.
Fir déi 12 Poste kënnen d’Piraten online driwwer ofstëmmen, mee et gëtt nach ëmmer d’Méiglechkeet sech um Kongress nächste Samschdeg ze mellen.