Zënter dem 1. Juli wiere wéinst der Unité de Police locale 1.650 zousätzlech Kontrollen an der Stad Lëtzebuerg an zu Esch-Uelzecht gemaach ginn. Dem Léon Gloden no wieren d’Sécherheet an d’Sécherheetsgefill vun de Leit duerch déi nei lokal Policepatrulle gestäerkt ginn, an d’Echoe vun allen Acteure wiere ganz positiv.
"Souwuel vun de Polizisten a Polizistinnen, vun de Policegewerkschafte vun de Bierger a Biergerinnen dobaussen, vun de Commerçanten, vun de lokalen Autoritéiten, an dësem Fall d’Gemengen Esch a Stad Lëtzebuerg."
De Minister huet awer zouginn, datt een d’Sécherheetsgefill net kéint chiffréieren: "Et kann een net chiffréiere wat net geschitt ass."
Lydie Polfer: "Mir brauchen däers nach méi"
Och déi Stater Buergermeeschterin Lydie Polfer huet sech zefridde gewisen, iwwert déi spezifesch Patrulle vun der lokaler Police.
"Dat ass gutt, mee - an dat ass elo keng Kritik - mir wëssen alleguerten, mir hätten dees nach gäre méi. Mir brauchen däers nach méi."
Bis elo hätt déi lokal Police sech op déi Plaze konzentréiert, op deenen déi meeschte Problemer sinn. Et géifen awer weider Plaze ginn, op deenen eng Policepresenz am ëffentleche Raum wëllkomm wier, esou d’Buergermeeschterin.
Zum Pilot-Projet sot den Escher Buergermeeschter Christian Weis, datt de Projet op eng grouss Zefriddenheet stéisst.
"Et war gutt, dass mir de Pilotprojet lancéiert hunn. Et war gutt, dass mir konnten drun deelhuelen. Et huet zu grousser Zefriddenheet gefouert bei de Leit."
Dem Police-Generaldirekter Pascal Peters no kéint déi lokal Police nëmmen da funktionéieren, wann d’Police dat néidegt Personal hätt fir d’Patrullen ze stellen.
D’Gemeng Déifferdeng géif d’Critèren erfëllen, fir och eng “Unité de Police locale” ze kréien, esou den Inneminister. Weider Gemenge kéinten Ufroen dofir maachen.
Och Zoustëmmung vun der Oppositioun
D’Ausriichtung vum dësem Pilotprojet wier positiv, esou och den Avis vum LSAP-Deputéierten Dan Biancalana no enger Sëtzung um Krautmaart.
"Mir fannen et gutt als LSAP, datt den Accent gesat gëtt um Niveau vun der Preventioun an och vun der Proximitéit, dat ass ganz wichteg. An och, dass de Projet, esou wéi en initial ugeduecht war, vun enger Gemengepolice mat (...) Weisungsgewalt vum Buergermeeschter vis-à-vis vun der Police, dat ass absolut elo net méi de Fall."
Et géing elo éischter a Richtung vun enger Concertatioun tëschent der Police an och dem Buergermeeschter goen, esou den Dan Biancalana.