Radioen

On air

  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Philippe Meyers als President vu SIGI erëmgewielt

Gemengesyndikat

Philippe Meyers als President vu SIGI erëmgewielt

Beim Gemengsyndikat SIGI gouf de Philippe Meyers als President erëmgewielt. Dat deelt de Gemengesyndikat fir d'Gestioun vun der Informatik an engem Communiqué mat. 

auto_stories

1 min

Den Dippecher Schäffe Philippe Meyers hat de Presidenteposten zejoert vum Yves Wengler iwwerholl. Den Iechternacher Buergermeeschter war do virdrun zeréckgetrueden, nodeems am Kader vun enger externer Evaluatioun Dysfonctionnementer bei der Personal- a Finanzgestioun vum SIGI festgestallt gi waren.