Radioen

On air

Notturno  |  Jesca Hoop - Memories Are Now

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Petitiounen: E puer Ännerunge fir dat kommend Joer

Chamber-Petitiounskommissioun

Petitiounen: E puer Ännerunge fir dat kommend Joer

Wéinst de Wale koum et an de leschte Méint zu Retarden an der Chamber-Petitiounskommissioun. Am ganze kruten eelef Petitiounen déi néideg Ënnerschrëfte fir eng ëffentlech Debatt ze organiséieren. Déi nei Presidentin vun der Petitiounskommissioun, d’LSAP-Deputéiert Francine Closener, wëllt e puer Ännerungen aféiere fir de Bierger ze hëllefen, eng Petitioun anzereechen.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

play_arrow

Déi éischt Moossnam ass d’Aféiere vun engem Spellchecker um Chambersite, dee souwuel d’Orthographie, ewéi och d’Eifeler-Reegel iwwerpréift. Et hätt een awer och festgestallt, datt et Bierger ginn, déi Schwieregkeeten hunn, den Text vun enger Petitioun ze formuléieren. Do wëll d’Francine Closener och deene Persounen ënnert d’Ärem gräifen.

"Op där anerer Säit gi mat de Petitionären och eng Lëscht mat Écrivains publics, fir wa se Ënnerstëtzung brauche fir den Text ze formuléieren, datt se dat maachen. Well vill Petitioune si vum Inhalt gutt, mee d'Leit si villäicht net esou à même se gutt ze formuléieren an ech fannen, datt dat am Fong eng Ongerechtegkeet ass an duerfir solle mir als Chamber de Leit d'Méiglechkeet ginn, sech gutt kënnen auszedrécken."

Wat ass een écrivain public?

A verschiddene Gemenge géing et dat nämlech scho ginn, esou d'Francine Closener. Et wiere Leit, déi zur Verfügung stinn, fir de Petitionären ze hëllefen, sief dat bei administrativen Demarchen, bei Demandë vun allméiglecher Natur, bei de Verwaltungen, mee och an dësem Fall, datt se kënnen op eng korrekt Aart a Weis richteg geschriwwen an och korrekt formuléiert hir Petitiounen dann areechen.

Divers Sujeten

Et ginn elo schonn eelef Petitiounen déi méi ewéi 4.500 Ënnerschrëfte gesammelt hunn. D’Thematike si ganz ënnerschiddlech, esou d’Francine Closener.

"Mir haten elo der puer wou et drëms goung, zum Beispill ee Referendum ze organiséiere fir ee Walbezierk. Aner Leit fannen. datt och eng generaliséiert Offer u Wéckeldëscher an den Toilette vun de Restaurante soll bestoen. Et geet ëm Mëllechpompelen, et geet ëm Hondssteier, an ech mengen, datt et dat och ganz gutt rëmspigelt, wat d'Leit dobaussen an hirem Alldag betrëfft."

Fir déi Petitiounen, déi d’Zuel vun de néidegen Ënnerschrëften erreecht hunn, gëtt et eng ëffentlech Debatt. Wéinst dem Retard wäerten et um selwechten Dag e puer Debatte ginn, wou den zoustännege Minister dann och ka present sinn. 

Lauschterenplay_arrow