search

/ Perquisitioun a Crèche zu Péiteng: 8 Signalementer, déi d'Wuel vun de Kanner betreffen

Justiz

|
headphones

1 min

headphones

2 min

play_arrow

Perquisitioun a Crèche zu Péiteng: 8 Signalementer, déi d'Wuel vun de Kanner betreffen

De Parquet huet gëschter um Mëttwoch eng Perquisitioun an der Crèche "Dramland" zu Péiteng gemaach. Tëschent dem 30. Januar an dem 4. Februar goufen dem Ministère de l‘education divers Signalement par Rapport zu dësem Etablissement eragereecht.

headphones

1 min

headphones

2 min

play_arrow
© Oleksandr/Adobe Stock
(Foto: Oleksandr/Adobe Stock)

Et handelt sech ëm de Verdacht op coups et blessures op Mineuren ënner 14 Joer.

Dem Ministère no hätt et alarméierend Meldunge ginn, wat d‘Wuel vun de Kanner betrëfft. Dës wieren doropshin direkt un de Parquet viru geleet ginn.

Eisen Informatiounen no handelt et sech ëm d’Crèche “Dramland” zu Péiteng. Am ganze wieren an 8 Fäll Reklamatiounen agereecht ginn. Dës koumen iwwer een extra Dispositif vum Educatiounsministère eran, dee fir Reklamatioune speziell fir Crèchen zoustänneg ass.

Suspensioun d'agrément ausgeschwat

De Gros vun den Eltere wier schonn um Mëttwochowend telefonesch informéiert ginn, déi aner Eltere wieren haut de Moie vu Mataarbechter:inne vum Ministère empfaange ginn.

D’Crèche gouf och um Mëttwochowend bis op Weideres zougemaach. Dem Péitenger Buergermeeschter Jean-Marie Halsdorf no gouf eng suspension d’agrément ausgeschwat.

Iwwergangsléisung mat anere Crèche gesicht

An der concernéierter Crèche sinn insgesamt 32 Kanner am Alter vun 0 bis 4 Joer ageschriwwen. De Ministère géif aktuell mat anere Crèchen zu Péiteng kucke fir eng Iwwergangsléisung fir d’Kanner ze fannen.

D‘Enquête ass nach amgaangen. Et gëllt d‘Présomption d‘innocence.

play_arrow Lauschteren