Payconiq ass ee Service, deen de Moment vu sechs Lëtzebuerger Banken ugebuede gëtt. Et ass eng mobil Bezuelsolutioun, déi d’lescht Joer hei am Land vun iwwer 300.000 Leit genotzt gouf, a vun e puer dausend Händler, seet de Responsabele vu Payconiq Lëtzebuerg, den James King.
Donieft gëtt et d’Méiglechkeet fir mat Payconiq am elektroneschen Handel ze bezuelen, oder direkt a Geschäfter, och zum Beispill mat engem QR-Code, dee mam Fotoapparat vum Smartphone gescannt gëtt.
D’Entreprise Payconiq gouf Enn Oktober 2023 vun EPI Company kaaft, wat schonn am leschte Fréijoer ugekënnegt gi war. Mëttelfristeg soll EPI eng een eenheetleche Bezuelsystem fir direkt Paiementer a ganz Europa aféieren.
Mëttelfristeg gëtt aus Payconiq WERO
Fir d’Notzer vu Payconiq wäert fir de Moment nach näischt änneren, erkläert den James King.
Geplangt ass, datt den neie Besëtzer vu Payconiq, de Grupp EPI, eng Bezuelsolutioun mam Numm WERO an Europa wäert aféieren.
„Et donc, à terme, dans un futur non défini aujourd’hui, la solution Payconiq va très probablement être migré sur cette nouvelle plateforme.“
Wann dat geschitt, da wier ee vun de Virdeeler fir d’Notzer hei am Land, datt si Leit aus allen dräi Nopeschlänner Suen iwwer hire Smartphone kënne schécken. Genee dat wier an de leschte Joren och vun de Konsumenten zu Lëtzebuerg gefrot ginn, sou den James King.
Bezuelinstrument fir ganz Europa
D’Ambitioun wier also, fir fréier oder spéider een digitaalt Bezuelinstrument fir ganz Europa kënnen unzebidden, dat all Bierger op déi selwecht Manéier kënnen notzen.
Iwwert d’Fro vun der Garantie vun der Onofhängegkeet vun Europa an dësem Beräich, an d’Konkurrenz mat Visa a Mastercard aus den USA wëllt den James King vu Payconiq sech net äusseren.