Radioen

On air

Thé Dansant  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Paul Philipp: Spuenien a Frankräich bleiwe Favorit

Fussball

Paul Philipp: Spuenien a Frankräich bleiwe Favorit

Op der Fussball-Europameeschterschaft an Däitschland sinn d’Véierelsfinalle gespillt. Muer an iwwermuer stinn dann d’Halleffinallen um Programm. Den FLF-President Paul Philipp huet trotz dem staarken Optrëtt vun de Spuenier awer een anere Favorit.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

Frankräich - Spuenien | © picture alliance/dpa | Jens Büttner / picture alliance/dpa | Federico Gambarini play_arrow
Fotoen: picture alliance/dpa | Jens Büttner / picture alliance/dpa | Federico Gambarini

Obwuel d’Hollänner am Verlaf vum Tournoi besser goufen, mengt och den Ex-Nationaltrainer, datt d’Spuenier an d’Fransousen Holland iwwerleeë sinn.

“Ech war och e bëssen erféiert, wéi ech d’Zentralachs defensiv bei den Hollänner gesinn hunn, wat déi Schwieregkeeten haten, och an der Vitess. Et géif ee scho mengen, dass de Vainqueur vun dëser EM aus der Halleffinall Frankräich-Spuenie kéim. Nachwievor mengen ech, dass an dem Match Frankräich-Spuenien, sou komesch et och kléngt, Frankräich liichte Favorit ass.”

E weidere Constat vum FLF-President ass: England ass eng vun de schwaachsten Ekippen, déi jeemools an enger Halleffinall war.

De liichten Opschwong vun Holland géing dozou féieren, datt si de Favorit wiere géint d’Englänner, wat awer keng Garantie wier. 

Spillreegelen, déi am Vierdergrond stinn

No de Véierelsfinallen ass et sou lues schonn d’Zäit, fir e klenge Bilan vun dëser EM ze zéien. Positiv stécht do d’Reegel ervir, datt nëmmen nach de Kapitän vun enger Ekipp mam Arbitter dierf schwätzen. Dat ass fir de Paul Philipp eng ganz gutt Decisioun.

"Déi Reegel ass och iwwerraschenderweis praktesch op all Match respektéiert ginn, vun deene meeschte Spiller, och well d’Arbitteren direkt reagéiert hunn, wann en Anere komm ass, direkt d’Giel Kaart ze weisen. Vun dohier fannen ech et eng fantastesch Léisung, déi och onbedéngt muss weidergi ginn, an all d’Competitiounen.”

Déi effektiv Spillzäit dierft doduerch wuel och an d’Luucht gaange sinn, mengt den FLF-President.

Negativ wieren dogéint d’Händsreegelen ze betruechten: D’Arbittere wieren d’aarm Wirschtercher an där Diskussioun. Ob bei engem Handspill Absicht oder net virläit, eng natierlech oder eng onnatierlech Beweegung vun Aarm an oder Hand, wier Ermiessenssaach.

“D’FIFA huet sech an eng Sakgaass manövréiert. Ech mengen, dat hu souguer si an der Tëschenzäit gemierkt, a wëllen ëmmer erëm Upassunge maachen, a si renne vun enger Sakgaass an déi aner.” 

Déi Ermiessenssaach sollt vum Arbitter eleng decidéiert ginn, fënnt den Ex-Nationaltrainer, mee déi Kar wier enorm verfuer.

Net genuch Goler

D’EM selwer hätt gutt ugefaangen, och duerch méi kleng Ekippe wéi d’Slowakei, Slowenien oder Georgien. D’Enttäuschunge wiere méi op de Kont vun deene Grousse wéi England oder Italie gaangen.

“Insgesamt géif ech soen, datt et keng schlecht EM ass. Ech wëll net soen, datt et nach ni eng besser ginn ass, mee dat Eenzegt, wat mech e bësse stéiert: Et fale menger Meenung no net genuch Goler.”

Do géif wuel nom Motto verfuer ginn: Wann ech et net kann, dann dierf och de Géigner et net kënnen,

De Rodri als Ausnamespiller

Wat de Spiller vum Tournoi ugeet gesäit de Paul Philipp de Moment de Spuenier Rodri vir, och wann dee keng Entdeckung méi wier.

“Wat dee sech do beim Pep Guardiola, bei Manchester City, gesteigert huet. An der Zäit huet hie souguer - et ass nach net laang hier - hannen an der Zentralverteidegung gespillt. Elo geet hie mat vir dran. Also, sou een an der Mëtt ze hunn: Dat ass schonn - ech wëll net soen eng Garantie - mee et ass eng enorm Hëllef.”

An dat virun allem och duerch d’Astellung par rapport zu senge Matspiller.

Muer um Dënschdeg gëtt déi éischt Halleffinall Spuenien-Frankräich gespillt, ier et dann e Mëttwoch zur Partie Holland-England kënnt. D’Gewënner vun deenen zwee Matcher sti sech e Sonnden zu Berlin an der Finall géintiwwer, fir den Europameeschter 2024 ze kréinen.

Lauschterenplay_arrow