arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Paul Philipp: FIFA-Plang fir Parte vun der WM ze verkafe wier "äusserst bedenklech"

Fussball

|
reading time

2 min

Paul Philipp: FIFA-Plang fir Parte vun der WM ze verkafe wier "äusserst bedenklech"

D'Iddi vum Weltfussballverband fir Parte vun de FIFA-Kompetitiounen u privat Investisseuren ze verkafe wier äusserst bedenklech. Esou d'Reaktioun vum President vun der Lëtzebuerger Fussballfederatioun Paul Philipp, nodeems d'FIFA de Moien e Bréif un all d'Memberverbänn erausgeschéckt huet. 

reading time

2 min

© picture alliance / NurPhoto | Domenic Aquilina
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Domenic Aquilina)

Am 100,7 Interview sot de Paul Philipp, datt mat dem Bréif verschidde Grenzen iwwerschratt gi wieren. Elo wier et um europäeschen Daachverband UEFA fir seng Memberen ze consultéieren an eng gemeinsam Meenung no baussen ze droen.

"Da mengen ech eeben, datt de President Ceferin als Lead vun der UEFA do dann eppes herno ka bekannt gi vun deene 55 UEFA-Verbänn. Et kann nëmmen esou goen, datt eng demokratesch Majoritéit eppes festhält säitens der UEFA, fir dat dann no bausse bekannt ze ginn. Well soss fëlle mir just d'Summerlach an et geschitt näischt."

Hie géif och dovun ausgoen, datt dat relativ séier géif geschéien. Fir d’éischt bräicht een awer nach méi genee Informatiounen zu de Pläng vun der FIFA. 

FIFA wëllt 20-30 Prozent un extern Investisseure verkafen

D’Iddi vun der FIFA ass et fir 20 bis 30 Prozent vun de Parten un de FIFA-Kompetitiounen, wéi zum Beispill der Weltmeeschterschaft vun den Häre respektiv de Fraen, u privat Investisseuren ze verkafen. Am Géigenzuch sollen och déi verschidde Verbänn finanziell dovu profitéieren. Bis zu 40 Milliounen Dollar pro Memberverband stinn hei am Raum. 

Plang steet an der Fussballwelt massiv an der Kritik

Fir dëse Plang gouf et international scho vill Kritik.

De Vizepresident vum däitsche Fussballverband DFB, den Hans-Joachim Watzke, huet géintiwwer dem däitsche Sportsmagasinn kicker vun engem "absolutten Ugrëff op de Fussball" geschwat.

Och d’UEFA huet der FIFA hiert Virgoe kritiséiert. Grad wéi den EU-Sportskommissär Glenn Micallef. Deen huet op X gefuerdert, "d’Hänn vun eisem Sport ze loossen".

FIFA hëlt Stellung

D’FIFA selwer huet sech och zu de Pläng geäussert a confirméiert, datt esou eng Méiglechkeet géif gepréift ginn. Um Enn géif d’Decisioun awer an engem demokratesche Prozess vun den 211 Memberverbänn geholl ginn huet de Weltfussballverband betount.