Tëschent Januar a Juni dëst Joer goufe ronn 18 Prozent méi nei reng elektresch Autoen ugemellt, wéi am éischte Semester 2025.
De Krich am Noen Osten, mat als Konsequenz de méi héije Spritpräisser hätte bei dëser Entwécklung eng Roll gespillt, ënnersträicht den SNCA-Direkter Eric Lurion.
"Très clairement, l'effet du prix du carburant a sûrement influencé les comportements d'achat des automobilistes. Et donc, ils sont portés plus vers l'achat de véhicules électriques en voyant le prix des carburants augmenter du fait des éléments, on va dire, conflictuels du monde et du Moyen-Orient."
Manner Verbrenner-Autoe goufen immatriculéiert
Op där anerer Säit sinn am éischte Semester dëst Joer manner Autoe mat engem Bensinns- oder Dieselmotor ugemellt ginn.
"On voit un recul de 6 % sur l'ensemble des immatriculations sur les 6 premiers mois de l'année par rapport à 2025 et pratiquement de 10 % sur la partie de véhicules neufs."
De Krich a seng Konsequenzen hätten also een Impakt op d’Kafverhale gehat, och wann et nach aner Ursaache ginn, wéi zum Beispill déi staatlech Primmen, analyséiert den Direkter vun der SNCA, den Eric Lurion.
Bal eng Hallef Millioun E-Autoen
On va dire qu'on a un contexte au départ qui veut et qui pousse à aller vers l'électrique. Ça, c'est une première chose. Mais c'est sûr que l'effet du conflit du Moyen-Orient et l'augmentation des carburants ont sûrement pu pousser les consommateurs à aller plus vers des véhicules électriques et donc à acheter des véhicules électriques.
Am Total sinn de Moment bal 467.000 Autoen hei am Land ugemellt. 9,5 Prozent dovu si reng elektresch Autoen. Zielt een all d’Hybriden dobäi, da kënnt een op een Undeel vu 26,5 Prozent vun den Autoen, déi een Elektromotor hunn. Dem nationalen Energie- a Klimaplang (PNEC) no, sollen 2030 49 Prozent vun den Autoen elektrescher sinn, oder Plug-in-Hybriden.