arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Zënstauxe vun der US-Zentralbank bleiwen och dës Kéier onverännert

FED

|
reading time

1 min

D'Zënstauxe vun der US-Zentralbank bleiwen och dës Kéier onverännert

D'Federal Reserve huet fir d'fënnefte Kéier hannereneen decidéiert, hir wichtegst Zënstauxe weder erop- nach erofzesetzen. Den US-President Trump mécht ëmmer nees Drock fir eng Baisse vun den Zënsen, obwuel d'Inflatioun an den USA mat 3,5 Prozent zimmlech héich ass.

reading time

1 min

De President vun der US-Zentralbank Kevin Warsh | © EPA/WILL OLIVER
De President vun der US-Zentralbank Kevin Warsh (Foto: EPA/WILL OLIVER)

D‘Federal Reserve huet gréisser intern Diskussiounen iwwer hir Zënspolitik. De FED-Chef Warsh, dee vum US-President Trump genannt gouf, huet gëschter vun engem seriöe Familljesträit geschwat.

D‘Analysten op de Bourssen hu bis elo majoritär domat gerechent, datt d‘Zënsen an den USA geschwë klammen, fir der Inflatioun de Kampf unzesoen.

No der Reunioun vu gëschter ginn et och ëmmer méi Analysten, déi keng Hausse méi viraussoen, esou d‘DPA de Moien. D‘Händler begréissen am Prinzip niddereg Zënsen, well dat den Invest fërdert. Mee aktuell gëtt gefaart, datt d‘Inflatioun an den USA ze staark klamme kéint.