search

/ Patrick Losch: Nei Mesure fir d‘Juegd ze fërderen, kéinte séier Wierkung droen

Natur

|
headphones

1 min

headphones

13 min

play_arrow

Patrick Losch: Nei Mesure fir d‘Juegd ze fërderen, kéinte séier Wierkung droen

De Bëschbestand kéint sech relativ séier erhuelen, duerch Mesure wéi d‘Ophiewe vum Verbuet vun der Nuetsjuegd. Dat mengt de Patrick Losch, President vun der Fondatioun Hëllef fir d‘Natur. D‘Lescht Woch gouf um drëtte Bësch- a Juegddësch ënner anerem déi Mesure festgehalen.

headphones

1 min

headphones

13 min

play_arrow

Weider gouf och festgehalen, datt Jeeër sollen entschiedegt ginn, wa si hir Ofschosspläng erfëllen. De Patrick Losch ass der Meenung, datt ee séieren zousätzlechen Effort relativ séier och den Drock vum Wëld kéint reduzéieren.

Doduerch kéint d‘Verjéngung vum Bësch, also de Wuesstem vu jonke Beem, stattfannen. "Dann ass d'Zukunft vun eisem Bësch fir déi nächst Generatioune geséchert", esou de President vun der Fondatioun Hëllef fir d‘Natur.

Fréier war de Wollef Regulateur

De Klimawandel schaaft Problem am Bësch, iwwerdeems d’Wëld d’Regeneratioun vum Bësch a Gefor bréngt, esou de Patrick Losch. Fréier wier de Wollef de Regulateur am Bësch gewiescht. Elo misst d’Juegd déi Roll iwwerhuelen, betount hie weider.

Den CSV-Ëmweltminister Serge Wilmes hat nom Bësch- a Juegddësch am 100,7-Interview vun engem historeschen Accord geschwat, deen elo awer nach mat engem Gesetzprojet misst ëmgesat ginn. Zesumme mat enger Rei vu Partner hätt ee sech op e Kaderaccord gëeenegt, deen de Bësch als Ökosystem sollt stäerken.

play_arrow Lauschteren