Den DP-Energie- a Wirtschaftsminister Lex Delles huet am 100,7-Interview iwwerdeems betount, datt den Tankrabatt och an deenen nächste Sëtzunge vum Comité de suivi net méi wäert diskutéiert ginn. Déi nächst Sëtzunge si fir Februar 2027 geplangt.
Divergenze kéinte virkommen
Am 100,7-Interview huet den LCGB-President Patrick Dury ënnerstrach, datt een als Gewerkschaftsfront mat enger gemeinsamer Positioun an d'Verhandlunge gaange wier. Déi Positioun wier awer séier vum Dësch gewiescht.
Trotzdeem géif dat weisen, datt et zwar verschidde Vuen op den Tankrabatt ginn, mee datt dat tëschent de Gewerkschafte kee Problem dierft duerstellen.
"Ech wëll hei kloer soen, datt dat doten ëmmer erëm ka virkommen, mee dat ass u sech elo net d'Zil, datt mir hei elo Dissens wëlle schafen."
Falscht Signal fir Frontalieren
De Patrick Dury huet awer bedauert, datt de Mesurepak – och duerch d’Ewechfale vum Tankrabatt - virop enger grousser Partie vun de Leit, déi zu Lëtzebuerg schaffen, net zu gutt kënnt. Hie schwätzt vun engem "néfaste Signal" fir d'Frontalieren.
Et géife ganz vill Suen an de Grapp geholl gi fir de Leit an de Betriber zu Lëtzebuerg ënner d'Äerm ze gräifen.
"A fir d'Frontalieren ass u sech net ganz vill iwwreg bliwwen. Mir brauchen déi 200.000 Leit awer, déi sech och ganz wäit deplacéieren an dann déi Diskussioun op 5 Euro Cent elo de Leit eppes bréngen oder net. E Mënsch, fir deen den Trajet u sech awer elo e Käschtepunkt duerstellt, deen ass iwwer all Euro Zäit frou, deen do ka spueren."
De Patrick Dury sot och nach, et wier een net dogéint, fir op d'Erreeche vun de Klimaziler hinzeschaffen. Allerdéngs géife 5 Cent dobäi a sengen Ae just eng kleng Roll spillen.