Wéi vill Leit aus dem palästinenseschen Territoire a Spideeler zu Lëtzebuerg kéinte bruecht ginn, gëtt net am Gesondheetsministère sengem Communiqué preziséiert. Weider heescht et, Lëtzebuerg géif och d'Méiglechkeet evaluéieren, fir medezinescht Material a Krisegebidder ze schécken.
arrow_back_ios
Noriichten
Noriichten
/ Patienten aus der Gazasträif sollen op Lëtzebuerg kommen
Gesondheetsministère
Patienten aus der Gazasträif sollen op Lëtzebuerg kommen
Lëtzebuerg géif eng Evakuatioun vu Patienten aus der Gazasträif preparéieren, fir si a Klinicken hei am Land ze behandelen. Dat huet d'Gesondheetsministerin Martine Deprez zu Kopenhagen ugekënnegt, op der Sëtzung vum regionale Kommitee vun der Weltgesondheetsorganisatioun fir Europa.
auto_stories
1 min
Aktuell feelt et an der Gazasträif u medizinnescher Hëllef. (Foto: picture alliance/dpa | Abed Rahim Khatib)