Am Ganzen hate sech véier Entreprise gemellt fir d’Lizenz fir déi nächst siwe Joer ze kréien. Déi zwou, déi net zeréckbehale gi sinn, hunn elo nach zwou Wochen Zäit fir ze reklaméieren.
Onkloer, wéi vill Leit Alyzia SAS brauch
Wa bis dohinner kee reklaméiert a wann alles no Plang géing lafen, da wéilt Alyzia SAS sech viraussiichtlech am zweete Semester vun dësem Joer um Findel installéieren, esou de Generaldirekter adjoint, Mounir Khablachi, op eis Nofro hin. Wéi vill Personal Alyzia SAS fir de Passagéier-Handling um Findel brauch, konnt hien nach net soen.
"Le nombre de personnes dépendra du nombre de compagnies aériennes, qui utiliseront nos services."
Fir Alyzia SAS gëllt et also elo emol fir d’éischt Fluchgesellschaften ze fannen, déi hir Servicer um Findel wëllen notzen.
Gewerkschafte weise sech erliichtert
Déi lescht siwe Joer hat nieft der Luxair och déi belsch Firma Aviapartner eng Lizenz. Déi hätt d’Lizenz awer net genotzt, well keng Fluchgesellschaften op hir Servicer zeréckgegraff hätten, erkläert d’Michelle Cloos vum OGBL.
"Well deemools, wou si d’Lizenz kruten, d’Clienten awer entscheet hunn, bei der Luxair ze bleiwen. De Calcul vun Aviapartner war am Fong deemools fir virun allem vläicht bei de Lowcoster Clienten ze fannen, an dat war awer deemools net opgaangen."
Den OGBL weist sech an enger éischter Reaktioun erliichtert, datt d’Luxair hir Lizenz behält. Änlech Reaktioun och vum LCGB. Dozou de Paul de Araujo:
"Jo, ech menge fir eis ass et wichteg, datt eise Lëtzebuerger Sozialmodell u sech bestoe bleift a garantéiert gëtt, respektiv d‘Aarbechtsplazen an d‘Aarbechtskonditioune fir d’Leit. Bon, dat ass jo da lo weiderhi méiglech, vue datt d’Luxair och rëm eng Kéier eng Lizenz kritt huet."
D’Luxair huet an enger schrëftlecher Äntwert matgedeelt, datt een de Sujet net géif kommentéieren.