Radioen

On air

Concert  |  Martin Rajna in Concert

play_arrow Live
search

/ Paschtouer ginn am Joer 2024

Den Hallwer Néng

Paschtouer ginn am Joer 2024

Virun 8 Deeg sinn an der Kathedral 2 Diakonen zu Paschtouer geweit ginn. An dësen Zäiten ass dat keen einfache Wee deen een awer e Liewe laang geet. Wat beweegt een nach dozou Paschtouer ze ginn?

auto_stories

2 min

headphones

23 min

play_arrow

Et ginn net méi vill Paschtéier, et ginn ëmmer manner Leit an d’Mass, an dann huet d’kathoulesch Kierch jo och no de ville Mëssbrauchs-Affären en Imageproblem. De Léon Weber an de Jabok Zeilinger hu sech trotzdeem an den Déngscht vun der Kierch gestallt. De Léon Weber erkläert, datt hien awer och nach net weider mat deene Problemer konfrontéiert gi wier, oder kritiséiert gouf.

De Jakob Zeilinger betount, datt et scho mol virkënnt, datt hien sech fir d‘Feeler entschëllege wëll, déi d‘Kierch gemaach huet. Hei am Land wier hien awer och nach net mat vill Kritik konfrontéiert ginn. D‘Leit déi an d‘Kierch gi wieren éischter frou doriwwer, datt et ee jonke Paschtouer gëtt. D'Problemer vun der Kierch géif an de Seminairen och systematesch thematiséiert ginn.

„All Kandidat fir d'Weien muss ee psychiatresch-psychologesche Screening duerchgoen. An dat ass lo iwwer 12 Joer schonn am Lafen. Dat ass vläicht fir Kandidaten ofzeschrecken, déi sou Tendenzen hätten.“

Am Seminaire ginn d‘Paschtéier zum Deel ausgebilt. D‘Theologie studéiere si am Ausland. De Patrick Müller ass Generalvikar a President, oder Präses, vum Seminaire. Seng Weie ass 25 Joer hier.

Lauschterenplay_arrow