De Parquet deelt mat, datt e wéinst dësem Fall de 16. Dezember eng Denonciatioun vum Collège médical krut, déi sech op zwee Patientendossiere bezéien. De Parquet schreift, et hätt een d’Elementer, déi een iwwermëttelt krut opmierksam analyséiert.
No där Analys hätt ee keng strofrechtlech Infraktioune vum Dokter festgestallt. Mee et hätt een dem Collège médical matgedeelt, datt dee kéint en Disziplinarverfaren an d’Weeër leede fir eventuelle Feeler am medezinesche Beräich nozegoen, esou nach de Parquet am Schreiwes.
"Martine Deprez misst och Présomption d'innocence gëlle loossen"
De François Prum, Affekot vum viséierten Orthoped, ass op Nofro hin der Meenung, datt d’CSV-Gesondheetsministesch Martine Deprez op hir Decisioun zréckkomme misst a wéi de Parquet misst d’Présomption d’innocence gëlle loossen. Dat wier déi eenzeg Léisung.