Radioen

On air

9 bis 1  |  Foster The People - See You In The Afterlife

play_arrow Live
search

/ Parlamentswalen a Katalounien: Separatiste fir d‘éischte Kéier zënter 40 Joer keng absolut Majoritéit

Spuenien

Parlamentswalen a Katalounien: Separatiste fir d‘éischte Kéier zënter 40 Joer keng absolut Majoritéit

Bei de virgezunne Parlamentswalen a Katalounie gouf et eng historesch Néierlag fir d‘Separatisten. Fir d‘éischte Kéier zanter 1980 hunn d‘Parteien, déi d‘Onofhängegkeet fuerderen, keng absolut Majoritéit am Parlament zu Barcelona kritt.

auto_stories

1 min

Gewonne gouf d‘Wal vun de Sozialisten. Mat 42 Sëtz si si awer wäit ewech vun den 68, déi néideg si fir eng absolut Majoritéit. Mam Support vun anere lénke Parteie kéint de Sozialist Salvador Illa awer neie Regierungschef a Katalounie ginn