Den Täter, e 26 Joer ale Mann mat iraneschen Originnen, gouf festgeholl. Hien hätt de Beamte bei senger Arrestatioun gesot, hie kéint et net méi aushalen, datt Muslime stierwen, souwuel an Afghanistan wéi a Palästina. Frankräich wier e Kompliz vun deem wat Israel a Gaza géif maachen, huet den Inneminister Gérald Darmanin bei enger Pressekonferenz matgedeelt. Den Antiterror-Parquet gouf mat der Enquête befaasst.
arrow_back_ios
Noriichten
Noriichten
/ Paräis: Däitschen Tourist stierft bei Messerattack
Terror
Paräis: Däitschen Tourist stierft bei Messerattack
Zu Paräis gouf et gëschter Owend eng déidlech Attack beim Eiffeltuerm. En däitsch-philippinneschen Tourist gouf mat engem Messer erstach, zwou weider Persoune goufe mat engem Hummer blesséiert.
auto_stories
1 min