Radioen

On air

Simon Says  |  The Drums - Days

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Papua-Neuguinea: 60 Doudeger no Gewalt tëscht indigène Gruppen

Genee Grënn bleiwen onkloer

Papua-Neuguinea: 60 Doudeger no Gewalt tëscht indigène Gruppen

A Papua-Neuguinea gouf et méi wéi 60 Doudeger no Gewalt tëscht indigène Gruppen an der ofgeleeëner Provënz Enga. D‘Hannergrënn sinn onkloer, sou d‘Police.

auto_stories

1 min

Och zejoert gouf et an därselwechter Regioun bluddeg Ausernanersetzunge mat 150 Doudegen. Australesch Medien haten deemools e Konflikt ëm Ressourcen als Grond genannt. Der New York Times no wier déi héich Zuel vun Affer och drop zeréckzeféieren, datt déi indigène Gruppen an de leschte Joren hir traditionell Waff, Bou a Fäil, mat moderne Schosswaffen ersat hunn.