search

/ Ostsee: Buckelwal hängt nees fest, nodeems e sech fräigeschwommen huet

Däitschland

|
reading time

1 min

Ostsee: Buckelwal hängt nees fest, nodeems e sech fräigeschwommen huet

De Buckelwal an der Ostsee géif erëm festsëtzen. Dat mellen den Ëmweltminister vu Mecklenburg-Vorpommern an d‘Ëmweltorganisatioun Greenpeace. Allerdéngs géif e sou opleien, datt e sech selwer befreie kéint,  wann e da wéilt.

reading time

1 min

Virun der Osteeküst ass ee Buckelwal gestrant | © EPA/SEA SHEPHERD GERMANY
Virun der Osteeküst ass ee Buckelwal gestrant (Foto: EPA/SEA SHEPHERD GERMANY)

De Wal, deen entretemps Timmy genannt gëtt, long zanter dem Weekend an der Bucht viru Wismar am flaache Waasser. Gëschter Owend war en ofgedaucht a fortgeschwommen, well de Wasserpegel geklomme war. Leider wier en elo awer rëm an d‘Bucht geschwommen, esou ee Greenpeace-Expert. 

Zënter ufanks Mäerz ass de Wal ëmmer nees un der Ostseeküst opgedaucht. D'Déier hat sech an engem Netz verfaangen. Asazkräften a Mieresschützer vun der ONG Sea Sheperd konnten de Buckelwal vun engem Deel vum Material befreien.