Radioen

On air

Notturno  |  Junior Boys - Thinking About You Calms Me

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Orban géint EU-Bäitrëttsverhandlunge mat der Ukrain

Ungarn

Orban géint EU-Bäitrëttsverhandlunge mat der Ukrain

Den ungaresche Premierminister Viktor Orban ass géint en Ufank vun den EU-Bäitrëttsverhandlunge mat der Ukrain. D‘Land wier a kengerlee Hisiicht an enger Verfassung fir iwwer hir Bäitrëttsambitiounen ze negociéieren, sot de Rietspopulist am staatleche Radio.

auto_stories

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Nicolas Economou
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Nicolas Economou)

D‘EU-Kommissioun hat e Mëttwoch recommandéiert, fir mat de Verhandlunge mat der Ukrain unzefänken. Ob dat ëmgesat gëtt, mussen d‘EU-Staaten eestëmmeg decidéieren.

Dem Orban seng Ofso stellt dës Unanimitéit a Fro. Den Ungar steet weiderhin dem russesche President Wladimir Putin no.