Radioen

On air

Notturno  |  Maz Univerze - Last Day

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Optakt vum Xavier Bettel senger Aarbechtsvisitt a Jordanien

Aussen - a Kooperatiounsminister

Optakt vum Xavier Bettel senger Aarbechtsvisitt a Jordanien

Den Ausseminister a Kooperatiounsminister Xavier Bettel fänkt den Owend eng Visitt a Jordanien un. Hie wëll eng Partie Flüchtlingslager besichen  an dobäi e speziellen Accent op d’Aarbecht vun der UNWRA leeën, dem UNO Hëllefswierk fir Palästina-Flüchtlingen. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Pablo Gonzalez/Flickr

Ee vun deene Länner, dat ënnert de Suitte vum Gazakrich leit, ass Jordanien. Zënter Jorzéngte scho liewen Honnertdausenden palästinensesch Flüchtlingen am Land. Mam aktuelle Konflikt si weider Leit komm. Jordanien huet och an de leschte Joren Honnertdausenden syresch Flüchtlingen opgeholl.

Ouni UNWRA keng Schoulen, Spideeler an Dokteren

Eng Partie Länner ziere sech, mee Lëtzebuerg ënnerstëtzt awer weiderhin d’Aarbecht vun der UNWRA. Virun e puer Deeg gouf eng weider Millioun Euro fir hir Aarbecht deblockéiert. D’Hëllefswierk ass op villen Niveauen aktiv, seet de Xavier Bettel.

"Et gëtt keng Schoul ouni UNWRA, et gëtt kee Spidol ouni UNWRA, et gëtt keen Dokter ouni UNWRA. Dat heescht, dass d’UNWRA dat meescht, wat u sech e Staat misst assuréieren, wou et awer schwéier ass, dass e Staat dat selwer mécht."

D’UNWRA steet awer deels an der Kritik: Israel geheit dem Flüchtlingswierk vir, eng terroristesch Organisatioun ze sinn. Israel wollt déi lescht Deeg eng Initiativ huelen, fir d’Aarbecht vun der UNWRA ze ënnerbannen.D’Wierk ass och a Jordanien aktiv, an de Xavier Bettel fuerdert Solidaritéit.

"Et ass net alles perfekt, mee wa mir zesumme schaffen, si mir bereet iech weider ze ënnerstëtzen a Solidaritéit ze weisen."

Opruff zur Deseskalatioun

Viru 14 Deeg war de jordaneschen Ausseminister Ayman Safadi op Visitt zu Lëtzebuerg. Hien huet de Xavier Bettel encouragéiert, déi geplangte Visitt an d'Flüchtlingslager ze maachen. Jordanien ass ee Land, wat an der Regioun als Stabilisateur gëllt. Dat an engem Ament, an deem d’Norichten aus der Géigend sech iwwerschloen.

De Xavier Bettel schwätzt vun enger Tendenz u Revanche, déi him Suerge mécht.

"Eng Revanche ass ganz dacks net nëmmen, dass déi cibléiert Leit déi Victimme sinn, mee och déi zivil Bevëlkerung. An de nächste Stonne wäerte mir nolauschteren, a just en Appell maachen zur Deseskalatioun an net zur Eskalatioun."

Lauschterenplay_arrow