Radioen

On air

Thé Dansant  |  Pink Floyd: Echoes - The Best Of Pink Floyd (Cd2) - Comfortably Numb

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Oppositioun reagéiert op d'Budgetsentwécklung

Chamber

Oppositioun reagéiert op d'Budgetsentwécklung

Soll een an onstabelen Zäiten op Steierrecettë verzichten? A ginn Investissementer an d’Zukunft vum Land an Héicht vu 4 Prozent vum PIB duer? Dat waren nëmmen zwou Froen, déi d’Oppositioun gëschter um Méindegmëtten an der Chamber gestallt huet. Do virdrun hat de Finanzminister Gilles Roth den zoustännege Chamberkommissiounen d’Budgetsentwécklung op den 30. Juni virgestallt. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Gilles Roth | © Chambre des députés play_arrow
Foto: Chambre des députés

D’Situatioun wier net schlecht, well d’Recettë méi gewuess si wéi d’Depensen. Mee nawell wënscht sech d’Oppositioun fir déi nächst Méint eng zum Deel aner Politik.

Sam Tanson: Och de Minister wier virsiichteg

D’Sam Tanson huet zum Beispill drop verwisen, datt den Invest net wierklech an d’Luucht geet.

“E stagnéiert plus minus op dem Niveau vum leschte Joer, soudass dat dann eppes ass, wou mir mussen den Detail natierlech ofwaarden. De Minister sot, insgesamt wier hien natierlech zefridde mat der Situatioun, mee hien ass selwer och virsiichteg iwwer wéi et weidergeet.”

Der Deputéiert vun déi gréng no misst ee kucken, ob d’Evolutioun vun de Recetten an Depensen an den nächste Méint esou bleift. Et wiere jo Steierbaissen an Aussiicht gestallt gi fir d’nächst Joer, soudatt d’Fro am Raum stéing: Wat bedeit dat u Minus bei de Steierrecetten? Schliisslech bräicht een därer, fir d’Zukunft vum Land ze gestalten.

Franz Fayot: E virsiichtege Budget

An den Ae vum Franz Fayot gouf de Statsbudget wuel ganz virsiichteg opgestallt an d’Lat net ze vill héich geluecht, fir besser kënnen doriwwer ze sprangen.

“Et ass jo gewosst, dass dat ëmmer, oft, oft sou gemaach gëtt. Mee wann et eng Kéier e bësse manner gutt geet mat deenen awer trotzdeem strukturelle Steierbaissen, dat ass natierlech e bëssen e Vabanque-Spill, wat do gemaach gëtt, op d’Zukunft.”

Da wiere vläicht Investissementer an d’ekologesch Transitioun, d’Digitaliséierung an d’Defense net esou méiglech, esou den LSAP-Vertrieder, fir deen hei am Land Saache solle goen, déi anerwäerts net ginn, an zwar d’Steieren erofzesetzen an dann duerch Wuesstem ze fonctionéieren.

Sven Clement: Net esou optimistesch wéi de Minister

Och de Sven Clement freet sech, ob dat mat de Recetten an den Depensen esou weidergeet. Hie wier do net ganz esou optimistesch wéi de Minister. 

“Mir wäerten nach ëmmer vun engem Milliardefeelbetrag um Enn vum Joer schwätzen. An déi mussen natierlech geléint ginn. An domat hypothekéiere mir natierlech och erëm d’Zukunft vun eisem Staatsbudget op déi nächst Joren, grad wann d’Zënsen net erofginn.”

De Gilles Roth wier op där enger Säit virsiichteg, géif op där anerer awer och vill Suen an de Grapp huelen, betount de Piraten-Deputéierten. Dobäi misst een oppassen, fir dee positive Schéiereffekt net ze verléieren.

Lauschterenplay_arrow