search

/ Oppositioun kritiséiert Klimasozialplang: Ze vag an ouni klore Budget

Ëmwelt

|
headphones

4 min

headphones

2 min

play_arrow

Oppositioun kritiséiert Klimasozialplang: Ze vag an ouni klore Budget

Der Regierung hire Klimasozialplan wier ze vag, kritiséieren d’LSAP an déi gréng. Verschidden nei Mesurë wiere ganz interessant, mee et géif nach un engem klore Budget an den néidege Prioritéite feelen, esou d’Kritik vun der Oppositioun.

headphones

4 min

headphones

2 min

play_arrow
© picture alliance / Rupert Oberhäuser | Rupert Oberhäuser
(Foto: picture alliance / Rupert Oberhäuser | Rupert Oberhäuser)

D’CSV-DP-Regierung ass duerch den Europäesche Green Deal dozou obligéiert e Klimasozialplang ze erstellen. E soll an éischter Linn déi vulnerabel Leit a kleng Entreprisë bei der energeetescher Transitioun schützen an ënnerstëtzen. Well grad déi sinn zum Beispill duerch eng CO2-Steier an duerch d’Käschte vun der Transitioun staark betraff. Verschiddener vun deenen am Ganzen 48 Mesuren aus dem Klimasozialplang besti schonn zënter der viregter Regierung, anerer sinn nei, erkläert den CSV-Ëmweltminister Serge Wilmes.

“Wéi zum Beispill wëlle mir an Zukunft och Präfinanzéierung maache vun all de Klimabonussen a mir géifen och gär de Leasing social aféiere fir zum Beispill Autoen awer och fir Wäermepompelen a Photovoltaikanlagen.”

Froen iwwer de Géigefinanzement bleiwen ongekläert

D’Froen zum staatleche Käschtepunkt vum Plang sinn ouni Äntwert bliwwen, dowéinst beschreift den LSAP-Deputéierte Franz Fayot de Plang éischter als vag.

“Mir wëssen, datt de Montant, dee mir an deem europäesche Fong géife kréien, datt dat ongeféier 55 Milliounen Euro sinn. Dat geet natierlech net duer. Et ass net gewosst, wéi et iwwer 2032 weidergeet.”

Och d’Prioritéite wieren net kloer, seet déi gréng Deputéiert Joëlle Welfring. Fir si misst d’Prioritéit do ganz kloer beim abordabele Logement leien.

“Well dat ass eppes, wou jidderengem gehollef ass, och deene Leit, déi manner am Portmonni hunn. Wann déi Wunnengen, an deene si wunnen, besser isoléiert sinn, dann hu si och manner Ausgaben. An dat ass schonn eppes, wat menger Meenung no prioritär misst behandelt ginn, an ech hoffen, datt dat och elo séier virugeet.”

"Déi vulnerabel Leit sinn net Proprietär"

Zwou vun de Mesurë bezéien sech spezifesch op Locatairen. Et wier wichteg déi Mesurë mam nationale Plang fir d’Aarmutsbekämpfung ze kombinéieren, seet de Kommissiounspresident Paul Galles vun der CSV:

 “Déi Kohärenz tëschent deenen zwee Pläng do an déi Fro, wéi déi aneneegräifen, dat gëtt fir mech déi entscheedend Fro a wéi staark sech dat duerno dann op de Logement auswierkt.”

Iwwerdeems leeft zënter ronn zwou Wochen eng Consultatiounsphas mat de Bierger:innen. An deem Kader ass geplangt, datt de Klimasozialplang den 19. November an enger Informatiounsversammlung soll presentéiert ginn.

Onkloerheeten iwwer CO2-Steier net geléist

Den CSV-Ëmweltminister Serge Wilmes konnt der zoustänneger Chamberkommissioun gëschter ëmmer nach keng kloer Äntwert ginn, wéi et mat der Lëtzebuerger CO2-Steier wäert weidergoen. D’CSV-DP-Regierung muss sech allerdéngs bis Enn dës Joers decidéieren, ob déi aktuell national CO2-Steier 2028 a Kraaft bleift oder ob Lëtzebuerg op deen neien europäeschen CO2-Präismechanismus ëmklëmmt.

Ënner anerem de Mouvement Ecologique huet an der Vergaangenheet kritiséiert, datt et dozou nach keng kloer Äntwerte ginn - d’Bierger:inne kéinte sech esou net adequat op d’Zukunft preparéieren.

Spéitstens 2030 mussen alleguer d’EU-Memberlänner awer ëmklammen. Lëtzebuerg kéint et just ëm déi zwee Joer verréckelen, well de Staat schonn eng CO2-Steier huet. Den Ëmweltminister Serge Wilmes seet et géif een nach op Mesurë vun der EU-Kommissioun waarden, déi de Präisschock sollten offiederen, éier d’Regierung eng endgülteg Decisioun wéilt huelen.

 “An déi Decisioun wäert och d'Regierung huelen. Mee et sinn nei Elementer bäikomm, well d'lescht Woch hate mir jo den EU-Conseil zu Bréissel, wou d'2040-Zil minus 90 Prozent festgesat ginn ass. An en Deel vun deem Deal ass, datt ëm ee Joer den ETS2 wäert no hanne verluecht ginn, also op 2028. An elo muss d'Kommissioun och nach mat hire Partie Mesurë kommen, déi se gäre wëllt presentéieren, fir ze verhënneren, wat verschidde Memberstaate gefaart hunn, datt et géif zu engem ze grousse Präisschock kommen, wann deen ageféiert gëtt. A mir waarden op déi Mesuren.”

play_arrow De Serge Wilmes

play_arrow Lauschteren