Besonnesch mam fréiere grénge Staatssekretär Camille Gira a mat der Ex-Ëmweltministesch Carole Dieschbourg wieren d’Relatiounen ëmmer schwiereg gewiescht. An de leschten 18 Méint, ënnert der neier Ministesch Joëlle Welfring, hätt d’Situatioun sech du entspaant.
Generell bedaueren d’Jeeër, datt hir Aktivitéit esou kritesch gesi gëtt. De Marc Reiter féiert dat ënnert anerem dorop zeréck, datt vill Leit haut kee richtege Bezuch méi zu der Natur hunn.
"Dir hutt onmoosseg Experten dobaussen, déi eis alleguer wëllen erklären, wat mir solle maachen. Mee mir ginn alleguer scho ganz laang op d’Juegd. Datt een iwwer verschidde Saache kann diskutéieren, dat ass richteg. Mee eis brauch een eist Handwierk net ze erklären."