Zu Paräis gouf et de Moien en Incident an engem Zuch vum RER . Eng Fra, déi e Voile unhat, hätt do Leit bedreet an ëmmer rëm "Allah Akbar" geruff.
Wéi d‘Police op d‘Plaz koum, hätt d‘Fra sech gewiert an domat gedreet sech selwer ze sprengen. doropshin hätt e Polizist op d‘Fra geschoss. Si wier liewensgeféierlech blesséiert ginn, sou de Parquet vu Paräis.
Zanter dem Mord vum Professer zu Arras, den 13. Oktober, vun engem jonken Islamist, gëllt a ganz Frankräich d‘Alerte "urgence attentat".