Radioen

On air

Notturno  |  Tom Waits - The Heart Of Saturday Night

play_arrow Live
search

/ Op der Musel: Dat leschte Schëff konnt duerch d'Nout-Schleis fueren

No Kollisioun virun 3 Wochen

Op der Musel: Dat leschte Schëff konnt duerch d'Nout-Schleis fueren

Nom Accident un der Schleis Müden op der Musel konnten elo all d‘Schëffer weider fueren. Um Freidegmoien ass dat lescht Schëff duerch eng speziell amenagéiert Nout-Schleis gefuer, huet dat däitscht Schëffahrts-Amt matgedeelt. Am Ganze goufen 72 Schëffer esou duerchgeschleist.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Thomas Frey
(Foto: picture alliance/dpa | Thomas Frey)

D‘Schleis war virun dräi Woche bei der Kollisioun vun engem Transportschëff staark beschiedegt ginn. D‘Reparatiounsaarbechte gounge méi séier viru wéi ursprénglech erwaart gi war. Eng nei Part fir d‘Schleis soll elo schonn Enn Januar agebaut ginn.

An den 1. Februar soll d‘Schleis dann nees normal funktionéieren. Ursprénglech war gesot ginn, d‘Reparatur kéint bis Mäerz daueren.