Zanter Oktober 2022 kann een am Schifermusée zu Uewermaartel déi grouss Minn Johanna besiichtegen. Nieft dem aacht Hektar groussen Terrain gëtt et domat och d'Aarbecht ënnert der Äerd ze entdecken. Bei de Luxembourg Tourism Awards 2023 krut de Musée direkt dräi Präisser, zwee dovu fir d’Schifergrouf.
Schwéier Aarbechtskonditiounen
D’Aarbecht an der Minn war alles anescht wéi einfach, erkläert d’Dany Schmitz. Den ale Passage fir an d’Minn erof war ee vertikale Pëtz mat Leederen. Deemools hunn d’Aarbechter d’bis zu 100 Kilo schwéier Schiferbléck um Réck missen eropdroen. Do wier et ëfters zu Accidenter komm.
Op Fotoe gëtt méi genau gewisen, wéi et fréier an der Minn ausgesinn huet. Mat 12 Joer hunn d’Jongen ugefaangen ze schaffen, dat am Ufank just an den Atelieren. Mat spéitstens 18 ass et dann awer erof an d’Minn gaangen.
An de laange Schächt ënnert der Äerd war et immens stëbseg. Dowéinst war Silikos, och Stëbslong genannt, eng wäit verbreete Krankheet ënnert de Minnenaarbechter. Och Arthros a Rheuma ware keng Seelenheet, dat opgrond vun der Fiichtegkeet an der Minn.
Vun der Zäit gepräägt
Vum Napoleon, iwwer den Zollveräin bis hin zur Däitscher Besetzung: D’Minne vum Schifermusée hunn eng räich Geschicht, déi an de ville Gäng a Kummeren ënnert der Äerd agefaange goufen. Mee och iwwerierdesch fënnt een al Schaff- a Wunnhaiser, déi vum Liewen an der Aarbecht an der Schiferminn erzielen.