Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Op d'mannst 14 Doudesaffer bei israeelescher Loftattack a Syrien

Noen a Mëttleren Osten

Op d'mannst 14 Doudesaffer bei israeelescher Loftattack a Syrien

De Bilan vun de presuméierten israeelesche Loftattacken a Syrien ass geklommen. Op d‘mannst 14 Leit wieren ëm d‘Liewe komm, esou déi syresch staatlech Noriichtenagence Sana. 43 Leit wiere blesséiert ginn.

auto_stories

1 min

Israeelesch Arméi | © picture alliance/dpa | Ilia Yefimovich
Foto: picture alliance/dpa | Ilia Yefimovich

D'ONG syreschen Observatoire fir Mënscherechter schwätzt vun op d'mannst 7 Doudegen, dorënner dräi aus der Zivilbevëlkerung. Wéi et heescht, hätten israeelesch Kampffligere Waffelagere vu pro-iranesche Milizen an der syrescher Provënz Hama bombardéiert. 

Israel huet an der Vergaangenheet ëmmer nees Positioune vu pro-iranesche Milizen a Syrien ugegraff. Zanter dem Ufank vun der israeelescher Offensiv géint d'Hamas an der Gazasträif hunn déi israeelesch Attacken op syreschem Territoire och zougeholl.