Op Men I Trust hirem "Girl" zirpen d’Geie wéi Grillen an de Piano héiert ee vun der Terrass duerch de Wand. Der englescher TikTok-Star Rachel Chinouriri hiert neit Stéck “Can We Talk About Isaac” ass wéi fir den amerikanesche College-Radio geschlaff. Wou geet et hin? D’Lëtzebuerger Sängerin Ninon weess ee Wee op hirer neier Single, déi vu Francis of Delirium hirem Jana Bahrich produzéiert ass, an och esou kléngt.
Och aus Lëtzebuerg, via Berlin, féiert das Radial seng Rees duer d’Ierwelte vum Digitalen op "Tür_Politik" weider, wärend d’Miso Extra op Pop ganz aus Pixel ze bestoe schéngt. D’C-MAT ass erëm do, Clara Thompson, eng iresch Country-Pop-Musekerin, déi op "Running/Planning" och no enger méi stabiller Upak sicht.
Ee grousse Favorit fir dës Woch ass de schotteschen Duo No Windows, dee kierzlech op Fat Possum records gesigned gouf a mat “Return” déi perfekt Mëschung aus Folk a Pop trëfft.
Rachel Chinouriri – Can We Talk About Isaac?
Men I Trust – Girl (2025)
Ninon – She’s Got A Way
Miso Extra – POP
DasRadial – Tür_Politik
Cmat – Running/Planning
No Windows – Return