Op Malta huet déi aktuell Regierungspartei Labour d'Parlamentswal gewonnen
Am klengsten EU-Land Malta huet d'Regierungspartei Labour vum Premier Robert Abela d'Parlamentswal gewonnen. Dem offizielle Resultat no kruten d'Sozialdemokrate bal 52 Prozent vun de Stëmmen. Dat si ronn 7 Prozentpunkte méi wéi déi konservativ National Partei.
De malteesesche Premier Robert Abela bei der Wal (Foto: EPA/OMAR CAMILLERI)
Den amtéierende Premier Robert Abela soll haut vun der Presidentin Debono nees als Premier vereedegt ginn.
Hien hat Enn Abrëll, e knappt Joer virum Enn vun der Legislaturperiod, virgezunnen Neiwalen ausgeruff. De Premier hat global geopolitesch Onsécherheet als Grond dofir genannt an erkläert, seng Regierung bräicht en neit Mandat, fir Malta duerch d‘Energiekris ze féieren.