D‘Demonstranten hunn och eng Stroossespär bei der Gare Bruxelles-Central opgeriicht, Knupperte lassgelooss a Saache verbrannt. Den ëffentlechen Transport ass deelweis blockéiert. D‘Police ass mat Waasserwerfer an Tréinegas géint d‘Demonstrante virgaangen. Et wieren och Leit festgeholl ginn. Och zu Namur koum et zu Protester géint d‘Spuermesuren am Bildungswiesen.
Et ass virgesinn, datt an den nächste Joren eng 300 Milliounen Euro do sollen agespuert ginn, ënner anerem soll d‘Léierpersonal am Secondaire zwou Stonnen d‘Woch méi schaffen an d‘Aschreiwunge fir d‘Unie solle méi deier ginn.