D’Verlängerung vun de Grenzkontrollen bis op mannst September hat den däitschen Inneminister Alexander Dobrindt vun der CSU ufanks der Woch annoncéiert.
Der däitscher Regierung no, sollen d’Grenzkontrollen hëllefen déi illegal Migratioun ze stoppen. De Michael Holstein, Buergermeeschter vun der Verbandsgemeng Trier-Land zweifelt awer drun, datt d’Grenzkontrollen eleng dat géife bewierken. Et géif ee mierken, datt d’Zuele vu Migranten zréck ginn, seet de Politiker vun de Freie Wähler. Mee op dat eleng de Verdéngscht vun de Grenzkontrolle wier, wär schwéier ze soen.
"Oder gibt es andere Effekte, die dazu geführt haben, dass nicht mehr so viele Menschen nach Deutschland einreisen oder leben wollen?"
An der Verbandsgemeng Trier-Land, zu där Dierfer laanscht Sauer, awer och laanscht d’Autobunn Richtung Tréier gehéieren, géifen d’Grenzkontrollen haaptsächlech zu Stau a vill Verkéier op de Niewestroosse féieren, esou nach de Michael Holstein.
Och de Guido Wacht, CDU-Buergermeeschter vun der Verbandsgemeng Konz, schwätzt an enger schrëftlecher Äntwert vu “massive Beanträchtegungen” am alldeegleche Grenzverkéier. Hien kritiséiert allgemeng d'Kontrollen un de Bannegrenzen a fuerdert eng méi differenzéiert Approche.
Verlängerung wier e politesch Signal
De Buergermeeschter vun der Stad Tréier, Wolfram Leibe fënnt och et géif eng “méi clever” Methode ginn fir Krimineller un de Grenzen ofzefänken. Fir den SPD-Politiker wier d’Verlängerung vun de Kontrollen e politesch Signal vun der däitscher Regierung.
"Dass man innerhalb der EU versucht, aus Berlin dieses politische Signal zu setzen, wir in Deutschland, wir agieren, Frankreich hat ja ähnlich auch agiert, als starkes Land und schützen unsere Bevölkerung."
Fir de Wolfram Leibe géif dëst Signal dem Zesummeliewen an der Grenzregioun awer schueden. Och den héijen Opwand deen d’Police wéinst de Grenzkontrolle misst bedreiwen kéint hien net novollzéien.
Tourismus a Veräinsliewen a Gefor
D'Belaaschtung fir d'Frontalier déi all Dag a Kilometer laange Réckstaue festséize wier enorm. An och d'Duerfliewen an de klenge Gemenge ronderëm d'Musel an d'Sauer géif ënnert dem villen Trafic an de laang Waardezäite fir iwwert d'Grenz leiden. Déi ugekënnegt Verlängerung vun de Grenzkontrolle bis Hierscht 2026 géif deemno och dat däitsch-lëtzebuergesch Verhältnis strapazéieren, fënnt den Buergermeeschter Michael Holstein.
"Wir haben viele Kooperationen mit Luxemburger Gemeinden, sei das im Wasserbereich, im touristischen Bereich, aber auch viele Vereine kooperieren ja miteinander."
D'Grenzkontrolle géifen deemno och eng emotional Belaaschtung fir d'Mënschen an der Grenzregioun mat sech bréngen, esou nach de Buergermeeschter vun der Verbandsgemeng Trier-Land.
Den 22. Mäerz sinn a Rheinland-Pfalz Landtagswahlen. D’CDU hofft, d’SPD no 35 Joer un der Spëtzt ofléisen ze kënnen. A wéi wäit d’Grenzkontrollen sech op d’Wal auswierken. Dozou wollt kee vun de Politiker sech äusseren.